Wassersportkolonie Lultzhausen

Och dëst Joer organiséiere mir nees an der Summervakanz vum 22.8.2017 bis zum 25.8.2017 eng Waassersportkolonie an der Jugendherberg zu Lëlz. D'Kolonie dauert 4 Deeg (22.8.2017 - 25.8.2017) fir Kanner am Alter tëscht 10 an 12 Joer an 3 Deeg (23.8.2017 – 25.8.2017) fir Kanner am Alter tëscht 6 a 9 Joer. De Präis fir d'Kolonie ass 100€ fir déi 10-12 Jähresch an 80€ fir déi 6-9 Jähresch.
Dir kënnt äer(t) Kan(d)ner fir d'Kolonie aschreiwen, andeems dir eis eng Mail op d.graeff@sportkreesatert.lu mat, oder eis d'Fiche d'Inscriptioun bis spéitstens den 28. Februar 2017 zeréckschéckt. Well d'Unzuel u Plazen begrenzt ass, sinn di Éischt fir.

Wassersportcamp am Segel & Surfzentrum Brouwersdam zu Ouddorp (NL)
| Wéini? | Vum 24.-28.7.2017 |
| Wou? | Am Surfcentrum Brouwersdam zu Ouddorp an Holland. |
| Fir wen? | Kanner tëscht 10 a 15 Joër. |
| Fir wéivill? |
330€ all inclusive*. * Transport mam Bus |
| Wann dir äert Kand wëllt aschreiwen fir de Wassersportcamp, schéckt eis w.e.g eng Email op d.graeff@sportkreesatert.lu bis spéitstens den 28.02.2017. Déi Éischt si fir! |
|



