Du bass am Lycée a wëlls gär vun eisem Sportangebot profitéieren?
Da bass du hei genau richteg. Eist Sportangebot riicht sech ausschliesslech u Jugendlëcher.
Huel dir eng YOUTH Sports Cardt (15,00 € pro Joer) a profitéier vun eise Sportsangeboter am ALR an an de Schoulvakanzen.
Doriwwer eraus hues du mat der YOUTH Sports Card Prioritéit bei der Aschreiwung an eis Kueren a Kolonien.
Youth Sportsprogramm

Umeldung op: https://alr.lu/aschreiwungen-alr-open-sports

Umeldung op: https://alr.lu/aschreiwungen-alr-open-sports
PROJET YOUTH SPORTKREES GOES...
Mir hun eis eppes neies afaalen geloos. Beim YOUTH SPORTKREES GOES... geet et drëms, dass du mat Kollegen kanns op eng Sportsrees goen.
Hei ass et awer esou, dass net mir déi Sportsrees organiséieren, mee du zesummen mat denen aneren déi un der Rees wëllen deelhuelen. Mir stinn dir natierlech mat Rot an Dot zur Säit.

WELLEREIDEN ALLERHELLGEVAKANZ
Du hues 16 Joer oder méi a wolls schon ëmmer mol Wellereiden a krus nach nie d'Geleegenheet dazou?
Mir bidden dir d'Geleegenheet, mat Gläichaltregen däi SURFCAMP a Portugal selwer ze gestalten an ze organiséieren.
Stattfannen soll dat Ganzt an der Allerhellgevakanz 2025. Wou genau, wéis de dohi kënns, wat dohannen leeft, läit an denger Hand.
Bass du intresséiert oder wëlls weider Detailer gewuer ginn? Da mell dech op d.graeff@sportkreesatert.lu