Youth Sport-Krees

Du bass am Lycée a wells awer ëmmer nach gär vun eise Sportangeboter profitéieren?

Da bass du hei genau richteg. Eist Sportangebot riecht sech ausschliesslech u Jugendlëcher déi schon am Lycée sinn.

Huel dir eng Youth-Sportkrees Kart (15€ pro Joer) a profitéier vun all eisen Sportsangeboter am ALR awer och an de Schoulvakanzen.

Doriwwer eraus hues du mat der Youth Sport-Krees Kart Prioritéit bei der Aschreiwung an eis Kueren a Kolonien. 

 

Vakanzeprogramm Summervakanz 2025

Eignungstesttraining

15/07/2025
Alter: ab 17 Joer
Treffpunkt: Atert Lycée Réiden
Uhrzeit: 10h00 -12h00 & 13h30-15h30
   
Sonstiges:  
Zusätzliche Kosten:  
   
Wichtig: Sportgezei matbréngen.

Du wëlls Sport studéieren goen?

Mir hëllefen dir dech optimal op den Eignungstest fir de Sportstudium firzebereeden.

Mir gi mat dir déi verschidden Tester duerch a ginn dir Tipps wéis du fir déi eenzel Disziplinnen trainéiere kanns.

Paintball

16/07/2025
Alter / Âge : ab 14 Joer
Ort / Lieu : Veckring
Uhrzeit / Heure : 8h30 - 16h30
Rendez-vous Primärschoul Réiden
Sonstiges / Divers:

Mir fueren zesummen Paintball spillen. Du brauchs dofir laangt Gezei wat ka knaschteg ginn a fest Schung. 

Mir grillen an der Mëttesstonn dohannen. Bréng also dat mat wats du wëlls op de Grill leen.

Well d'Aktivitéit am Ausland stattfënnt, brauchen déi di nach keng 18 Joer hun a nach keng Autorisation parentale fir d'ganzt Joër hunn, eng Autorisation parentale déi vun der Gemeng ausgestallt gëtt. Dir braucht och äer Carte d'Indentité. 

Spiller ënner 18 Joer mussen och folgend Autorisatioun vum Site https://www.paintball-veckring.fr/media/autorisation_parentale.pdf ausfëllen an den Dag vun der Aktivitéit matbréngen.

 

Kosten: 50€ abegraff sinn de Markéirer, Schutzmasken, 500 Paintballs, Drockloft an den Transport.

Wasserski / Wakeboard & neien kloterpark um Waasser

01/08/2025
Alter: 13-20 Jahre
Treffpunkt: Parking Primärschoul Réiden
Uhrzeit: 08h00- 17h00 
   
Sonstiges:

Schwammsaachen, Buedduch, Sonnencrème, wann der en Neoprene hudd, kënnt der den matbréngen.

Mir grillen op der Plaz

Am Nomëtten gi mer op de Kloterpark um Waasser, den elo méi "Ninja-Warrior"- ähnlech Statiounen huet.

Zusätzliche Kosten: Entrée a Material (Wakepark a Kloterpark), Transport an Iessen: 30€
   
Wichtig: Wann dir ënner 18 Joer sidd, braucht dir fir den Dag eng Autorisation parentale vun der Gemeng. Dir musst och äer Carte d'identité marthuelen.

Adventurevalley Durbuy

11/08/2025

 

Alter: ab 13 Joer
Ort

Adventure Valley Durby

Uhrzeit: 08h30-18h00
Rendez-vous Parking Primärschoul Réiden
   
Sonstiges:

Mir fueren an den Adventure valley op Durbuy. Hei hues du d'Méiglechkeeten Klettersteigen ze goen, en Héichseelgaart ze besichen, mat Tubes ze fueren, Zip-lines ze notzen a nach villes méi.

Du brauchs ee Picknick, fest Schung, eng Autorisation parentale vun der Gemeng an deng Carte d'identité.

   
Zusätzliche Kosten:  30€ fir Transport an Entrée an de Park
   

 

"Le Parcour" Workshop mam Bill

12/08/2025
Alter: ab 13 Joer
Ort Atert Lycée Redange
Uhrzeit: 10.00-15.30 Uhr
Sonstiges:

"Le Parcour" Workshop mat engem "Le Parcour"-Trainer

Ee Mëttegiessen ass am Präis mat abegraff

Käschten 10€ Workshop & Mëttegiessen

Outdoor Karting

14/08/2025
Alter / Âge : 14-20 Joer
Ort / Lieu : Lommerange
Uhrzeit / Heure : 13h00 - 17h00
Rendez-vous Primärschoul Réiden
Sonstiges / Divers: Mir ginn Outdoorkart fueren.  Wann der en Helm (z.B Motorradhelm) hudd kënnt der den matbréngen. Dir kritt dohannen awer och een geléint. Mir fueren 10 Min fräien Training, 10 Min Qualifying an dann 2 mol 10 Min Course.
Kosten: 50€

Kayaksafari op der däitscher Musel

25/08/2025
Alter: ab 13 Joer
Treffpunkt: Parking Primärschoul Redange
Wéini vum 25.8.2025 - 27.8.2025
Départ 8h00
Sonstiges:

Mir fueren mat enger Camionette bis op Eidiger Eller un der Musel. Vun do aus Start eis Safari an 2er Kayaks. Insgesamt fueren mir 52 Flosskilometer an 3 Deeg bis op Hatzenport.

Mir iwwernueschten 2 mol op engem Camping un der Musel.

Jugendlecher déi um Kayakstage an der Ouschtervakanz deelgeholl hun hu Vierrecht bei der Umeldung. D'Plazen sinn extrem limitéiert, dofir maacht iech bäi.

  Méi Informatiounen kritt dir no der Umeldung
Zusätzlech Käschten: 160€. Abegraff sinn d'Locatioun vum Material, den Transport, de Camping an d'Iessen.

Umeldungen fir déi verschidden Aktivitéiten kënnt dir op david.graeff@kanton-reiden.lu schécken.

 

 

 

PROJET YOUTH SPORTKREES GOES...

Mir hun eis eppes neies afaalen geloos. Beim YOUTH SPORTKREES GOES... geet et drëms, dass du mat Kollegen kanns op eng Sportsrees goen.

Hei ass et awer esou, dass net mir déi Sportsrees organiséieren, mee du zesummen mat denen aneren déi un der Rees wëllen deelhuelen. Mir stinn dir natierlech mat Rot an Dot zur Säit. 

 

WELLEREIDEN ALLERHELLGEVAKANZ

Du hues 16 Joer oder méi a wolls schon ëmmer mol Wellereiden a krus nach nie d'Geleegenheet dazou? 

Mir bidden dir d'Geleegenheet, mat Gläichaltregen däi SURFCAMP a Portugal selwer ze gestalten an ze organiséieren.

Stattfannen soll dat Ganzt an der Allerhellgevakanz 2025. Wou genau, wéis de dohi kënns, wat dohannen leeft, läit an denger Hand.

 

Bass du intresséiert oder wëlls weider Detailer gewuer ginn? Da mell dech op d.graeff@sportkreesatert.lu

 

 

Youth Sportsprogramm